๐‘ท๐’๐’‚๐’๐’›๐’† ๐’—๐’–๐’ ๐‘ผ๐’†๐’ƒ๐’”๐’•๐’ƒ๐’†๐’†๐’Ž & ๐’…โ€™๐‘พ๐’Š๐’„๐’‰๐’•๐’†๐’ˆ๐’Œ๐’†๐’†๐’• ๐ฏ๐ฎ๐ง ๐๐ž๐ซ ๐’“๐’Š๐’„๐’‰๐’•๐’†๐’ˆ๐’†๐’“ ๐‘ผ๐’†๐’ƒ๐’”๐’•๐’ƒ๐’‚๐’Ž๐’›๐’๐’“๐’•

Joer fir Joer ginn op รซffentleche Flรคchen awer och op private Grondstรฉcker an de ๐—ฆ๐—œ๐—–๐—ข๐—ก๐—” Membersgemengen nรฉi Uebstbeem vum Service Technique geplanzt. Et ginn haaptsรคchlech al a regional Uebstzorten, dรฉi sech dem Klima an dem Standuert upassen, ausgewielt. Bis zu 600 Beem gi pro Joer geplanzt. Dโ€™Uleeรซn vun neie Bongerten an dโ€™Ersetze vun ale Beem fรซllen eidel Plazen, dรฉi duerch dโ€™Bebauung oder dโ€™Ofstierwe vun immens alen a futtisse Beem entstane sinn.
Dโ€™Erhale vun traditionellen Uebstbamzorten hรซlleft Aarten ze schรผtzen an och d’Kulturiewen ze erhalen. Dรฉi heemesch, historesch Zorte sinn oft vill mรฉi resistent gรฉint Krankheeten a mรฉi bestรคnneg gรฉigeniwwer Witterungs a Buedemverรคnnerungen.
Hei fannt dir weider Informatiounen zu de lokalen Uebstzorten: https://sicona.lu/obstwiesen-bedeutung/
Fir den Oktober sinn et dโ€™Bongerten an dโ€™Uebstbeem. Dโ€™Sรคit fannt dir hei: https://sicona.lu/unsere-obstbaeume/
All dโ€™Themen aus den lรคschte Mรฉint fannt dir op dรซser Sammelsรคit: https://sicona.lu/ueber_uns/thema-des-monats/
17.10.2023
Retour